Startseite

Partydesch

Multifunktionell an innovativ Partyspiller fir jiddereen

Iwert eis

Wien ass de Partydesch?

Mir sinn eng Mini-Entreprise aus dem LCE, bestoend aus 6 Studenten tëschent 17 an 18 Joer, déi sech zum Zil gesat huet Party- an Drénkspiller méi ofwiesslungsräich ze gestalten a gestane Klassiker ze revolutionéieren.

Wat mécht de Partydesch extra?

Lokal

Mir loossen eis Saachen alleguer lokal hierstellen a schaffen mat lokalen Entreprisen an Ariichtungen zesummen. Falls dir wësse wëllt wien eis Fournisseure sinn, dréckt hei drop.

Multifunktionell

All eis Bestanddeeler a Gadgete kann e multifunktionell uwenden. Méiglech Aart a Weise kommunizéiere mir ënner anerem op Social Media an op dëser Internetsäit.

Individuell

E Party-Dësch, wéi mir e produzéieren, ass am wäiten Ëmlaf eppes Eemoleges. Eng Napp wou mat all Dësch zu engem multifunktionelle Partydësch gëtt, ass sou nach net verbreet.

Wat bidde mir un?

Napp

Mir bidden eng Napp un wou mat all Iessdësch zu engem Partydesch gëtt. Déi ass einfach ze transportéieren an ofzewäschen

Gadgeten

Eis Gadgeten erméiglechen nei Spiller oder maache gestane Klassiker méi ofwiesslungsräich. Puer Gadgeten hunn och multipel Funktiounen.

Dir hutt nach Froen?

Infos

Dir sicht nach no Informatiounen iwwert eis, eist Team oder eis Fournisseuren? Dann dréckt hei drop.

Kontakt

Dir sidd un enger Zesummenaarbecht intresséiert, hutt Froen zu eisem Produit oder et herrschen Onkloerheeten? Dann dréckt hei drop.

Follegt eis

Dir wëllt näischt vun eis verpassen an ëmmer um neiste Stand sënn? Da follegt eis op Social Media. Do verëffentleche mir reegelméisseg Updats zur Entreprise, privat Abléck, Inspiratioune fir Challengen, souwéi méiglech kreativ Uwendunge vun eise Produiten.