Hei si puer Challengen déi zur Inspiratioun vum Benotzen ongewinnter Techniken, neie Reegelen, neie Zieler oder enger méi kreativer Uwendung vun de Bestanddeeler denge sollen. Challengen sinn Herausfuederunge fir dat är Matcher méi ofwiesslungsräich, spannend, mee och frustrant ginn.
Falls iech dat nach net genuch ass, kënnt dir eis och op Social Media folgen (virun allem Instagram a TikTok), do verëffentlechen mir sporadesch och e puer Clips mat Challenge oder deelen der vun anere Léit.
Am Fall dat dir nach eng Iddi fir eng Challenge hutt, déi hei net vertrueden ass, wiere mir glécklech wann dir eis kontaktéieren géift.
Drénk-Curling
Hei sinn fir d’éischt all Challengen zum Spill Drénk-Curling, der Schwieregkeet no geuerdent. Fir d’Reegelen a weider Informatiounen iwwert dëst Spill, dréckt hei drop.
Würfelcurling

Curling mat enger Mënz, engem Béierstopp oder Holzchipp ass iech nach net frustrant genuch? Da probéiert Mëtt z’erreechen an dem dir vun der Säit aus dohi wierfelt. Wéini en wéi vill drénke muss, ass sou wei am originalen Drénk-Curling. Mir géifen fir den Ufank allerdéngs proposéieren dat en nëmmen drénken muss, wann den aneren d’Mëtt trefft an net wann e selwer da laanscht schéisst. Sou geet d’Partie zwar méi laang mee och méi spannend.
PingPongBall-Föhn-Kombi
Des Challenge ass eng vun eisen schwieregsten aus eisem Inventar. D’Zill vum Spill bleift déi nämmlecht wei am klasseschen Drénk-Curling. Allerdéngs gëtt et net drëm eng Mënz, e Beierstopp oder en Chip an d’Mëtt ze befërderen, mee e Ping-Pong-Ball. An dat mécht en net mat enger klassescher Schosstechnik mee mam Un- an Ausschalten vun engem Fön. Vill Gléck. Dir sidd virun Nervenausbréch gewarnt. Fir den Duell e bëssi manner frustréierend ze gestallten, kennt dir och ofmaachen dat den éischten den d’Mëtt (also de Curlingfeld) trefft, gewonnen huet an dat en net drénke muss wann en da laanscht schéisst. An dem Fall kennt dir d’Bestrofung (wei zum Beispill e Glas drénken) fir de Verléierer virum Duell festleeën. Eng aner Méiglechkeet fir des Challenge méi einfach ze gestallten ass dat de PingPongs-Ball net mat engem Fön undréckt, mee dat en e fort bloost.
BeerPong
Hei ass fir d’nächst eng Opzielung vu méiglechen Challengen zum Spill Beerpong, déi sinn och der Schwieregkeet no geuerdent. Fir eng Gesamtiwwersiicht zu allen Infoen zum Spill, dréckt hei drop.
Multitouch-Challenge

PingPong-Schléier

Des Spillvariant gëtt virun allem doduerch méi schwéier well en den Opschlag net normal mat der Hand aus feiert, mee mat engem Pingpong-Schléier. De Ball dierf op senger eegener Hallschent den Dësch beréieren, allerdéngs net op der Hallschent vum Kontrahent.
Handwiessel
Mini-Basket
Fir nächst zielen mir e puer méiglech Challengen fir d’Spill Mini-Basket der Schwieregkeet no op. Fir all Informatiounen iwwert dëst Spill, dréckt hei drop.
Multitouch-Challenge

Dunking-Challenge

An dëser Challenge geet et, wéi den Numm et schonn seet, em d’Dunking. Des Schosstechnik aus dem originellen Basket hu mir allerdéngs liicht em geännert, sou dat e nëmmen de Ball vun uewen erof schéissen muss. Allerdéngs muss en nach ëmmer vun hannert der Napp aus schéissen.
Engleschen Fussball
Engleschen Fussball ass och en vun deenen Spiller déi direkt op der Napp méiglech senn. Fir all Informatiounen zu dësem Spill dréckt hei drop. Fir dëst Spill hu mir natierlech och méiglech Challengen oder aner Spillvarianten. Déi sinn wéi ëmmer der Schwieregkeet no geuerdent.
Dueppelschoss-Taktik

An dëser Spillvariante kennt eng Reegel dobäi déi dat ganz d’Spill méi komplex an taktesch gestallt. An zwar kann en d’Spill net nëmmen gewannen wann en e Goal schéisst mee och wann e mat engem Schoss zwee Chips vum Kontrahent op eng Kéier of schéisst, onofhängeg op déi Chips nach op der Napp léien oder net.
Prisong-Challenge

An dëser Challenge gëtt d’Reegel dobäi gesat dat wann en den Chip vum aneren mat senger eegener ofschéisst déi ëmmer an de Prisong verdammt gëtt, onofhängeg op déi elo nach op der Napp léit oder net méi. Dat mécht d’Verteidegen zwar vill méi einfach ass mee et ass och em sou méi schwéier selwer e Goal ze schéissen. Et ass also vill méi Prezisioun a wäite Schëss gefrot. Dir sidd gewarnt dat d’Partie e gutt Stéck méi laang daueren kann. D’Reegel dat d’Goaler net zielen wann virum Schoss entweder 2 oder 3 Chips am Prisong waren, bléiwt bestoen.
Schlechte Stroossemuseker
Schlechte Stroossemuseker ass e vun eisen ausgeduechte Spiller. Dir kennt et direkt op der Napp spillen. Fir méi Infoen dréckt hei drop. Dëst Spill besetzt natierlech och puer Challengen.
Doppel Gemoppelt

An dëser Spillvariante kënnt nach eng extra Reegel dozou. An zwar all Kéier wann en an sengem Tour mat sengem Chip mindestens 2 aner Chips of schéisst, dierf en en Chip aus senger Basis (déi aus dem Prisong zielen net) an d`Basis vum Kontrahent setzen. Wat fir en Chip a wou en déi hien setzt, dierf en selwer entscheeden.
Verpufft

Dëst Spillvariante mécht dat ganzt d’Spill em e gutt d’Stéck méi taktesch. An zwar all Kéier wann en mat sengem Schoss en aneren Chip beréiers, gëtt den aus dem Spill geholl. Onofhängeg a wat fir enger Basis déi grad louchen. Bei den Chips aus der neutraler Zone an déi am Prisong zielt dat net. Den Chip den geschoss gouf, bléift och léien
Prisong-Challenge

Trampolin
Dréckt fir all d’Infoen hei drop.
Double-Bounce-Challenge

Dëst ass eng Challenge fir d’Spill BeerPong. De Ball muss op deenen 2 Trampoliner opsprangen ier en am Becher lant. Bei 3 Mol huet een direkt déi ganz Partie gewonnen.
No Control

Des Challenge ass ganz séier erkläert. Se besteet ganz einfach doran d’Schleider an den Trampolin ze kombinéieren. Wann dir lo nach ëmmer trefft, musst dir schonn e wierkleche Partydeschgott sinn, oder ganz vill Chance hunn.