Hei fannt dir eng Opzielung vu méigleche Challengen zum Spill Beerpong, déi sinn och der Schwieregkeet no geuerdent. Fir eng Iwwersiicht mat allen Infoen zum Spill, dréckt hei drop.
Multitouch-Challenge

Bei dëser Spillvariante muss de Ball mindestens 2 Mol d‘Napp beréieren. Bei all Ofsprong méi, muss den aneren e Becher méi drénken, déi vum Schéisser(-Team) ausgewielt kennen ginn. D’Recht e Ball fort ze schloen, falls hien d‘Napp beréiert, gëtt ausser Kraaft gesat. Fir méi Infoen zu dëser Challenge, dréckt hei drop.
PingPong-Schléier

Des Spillvariant gëtt virun allem doduerch méi schwéier well en den Opschlag net normal mat der Hand aus feiert, mee mat engem Pingpong-Schléier. De Ball dierf op senger eegener Hallschent den Dësch beréieren, allerdéngs net op der Hallschent vum Kontrahent.