BeerPong

Hei fannt dir eng Iwwersiicht iwwert all d’Infoen zum Spill BeerPong an eng Zesummefaassung. Vill Saachen déi hei stinn, stinn allerdéngs och op anere Säiten. BeerPong ass ee vun deene Spiller déi vun Ufank un op der Napp verfügbar sënn.

Gebrauchsuweisung

D’Spill misst bekannt sinn, hei fannt dir trotzdeem eng Kéier kuerz d’Standardreegelen. Fir déi ganz Iwwersiicht vum Spill mat allen Infoen, dréckt hei drop.

Allgemeng Reegeln

  • 2 Wërf pro Team all Ronn.
  • d’Becheren dierf een zweemol ëmstellen, pro Match a pro Team an dat wann nach 6, 4 oder 3 Becheren iwwreg sinn.
  • Wann zwee Spiller aus engem Team wärend enger Ronn treffen, krinn se d’Bäll zeréck an dierfen nach eng Kéier werfen.
  • De leschte Becher muss ëmmer an der Mëtt vu der Nappkant gestallt ginn.
  • Spréngt de Ball op iert en an de Becher flitt, muss d’Géigner-Team zwee Becheren drénken. Si hunn awer virdrun d’Recht de Ball ewechzeschloen, wann en optuppt. Et ass net erlaabt de Ball ze beréiere wann e weder um Dësch oder op e Becher opgetuppt ass.
  • Oflenkungsmanöver ass erlaabt. Becher, Géigner a Dësch dierfen awer dobäi net beréiert ginn. Wandstéiss sinn net erlaabt.
  • Wa Bäll sech am Becher dréien, dierfen se mat de Fanger rausgeschloe ginn oder rausgeblose ginn.
  • Wann e Team de leschte Becher trëfft, huet de Géigner d’Recht nozezéien. Wann dat him geléngt, geet et an d’Verlängerung: Hei ginn dräi Bechere pro Säit an eng Pyramid gestallt.
  • Wann e Becher getraff gëtt deen eigentlech scho getraff war an aus dem Spill hätt misse sinn, ass d‘Spill direkt fäerdeg.
  • D’Verléierer-Team muss all déi lescht Becheren ausdrénken.

Zousaatzreegel

Zousätzlech, kënnt dir eng extra Reegel benotzen: Wann dir e Virnumm hutt, dee mat engem P, A, R, T, Y, D, E, S, C, oder H ufänkt, an e Becher trefft, deen op engem vun deene Buschtawen dropsteet, da hu dir entweder zwee Bechere getraff, oder guer keen. Dir kënnt dat esou decidéiere wéi dir wëllt.

Extra Zubehör

Hei ass eng Iwwersiicht vun de Gadgeten, déi mir extra ubidde fir d’Spill BeerPong nach méi multifunktionell an ofwiesslungsräich ze gestallten.

Trampolin

Dir kënnt entweder een Trampolin an d’Mëtt oder déi zwee Trampoliner jeeweils op eng vun deenen zwou Säite stellen. De Pingpong-Ball kënnt dir dann sou op een Trampolin werfen, dass en dono an engem Becher lant. Wann d’Trampoliner op de Säite stinn, proposéiere mir, d’Becheren an d’Mëtt ze stellen.

Schleider

Dir kënnt probéiere de Ball mat der Schleider an e Becher ze treffen.

Challengen

Hei fannt dir eng Opzielung vun all de Challengen zu dësem Spill, déi mir proposéieren. D’Challengë sinn der Schwieregkeet no geuerdent. Fir d’Challengen zu alle Spiller, dréckt hei drop.

Multitouch-Challenge

Bei dëser Spillvariant, muss de Ball mindestens 2 Mol d‘Napp beréieren. Bei all Ofsprong méi, muss den Aneren e Becher méi drénken, deen vum Schéisser(-Team) ausgewielt ka ginn. D’Recht e Ball fort ze schloen, falls en d‘Napp beréiert, gëtt ausser Kraaft gesat. Dréckt fir méi Informatiounen zu dëser Challenge, hei drop.

PingPong-Schléier

Des Spillvariant gëtt virun allem doduerch méi schwéier, dass een den Opschlag net normal mat der Hand ausféiert, mee mat engem Pingpong-Schléier. De Ball dierf op senger eegener Hallschent den Dësch beréieren, allerdéngs net op der Hallschent vum Kontrahent.

Handwiessel

Falls dir BeerPong méi schwéier maache wëllt, kënnt dir ganz einfach d’Hand wiessele mat der dir schéisst. Dat heescht Rietshänner schéisse mat Lénks a Lénkshänner mat Riets. Déi aner Reegele vum BeerPong bleiwe bestoen.

Galerie

Hei fannt dir d’Fotoe zum Spill BeerPong a wéi mir BeerPong spillen. Fir déi ganz Galerie, dréckt hei drop.