Drénk-Curling: Challengen

Hei sinn all d’Challengen zum Spill Drénk-Curling. D’Challengen sinn der Schwieregkeet no geuerdent. Fir d’Reegelen a weider Informatiounen iwwert dëst Spill, dréckt hei drop.

Handwiessel

Falls dir Drénk-Curling mat der Zäit méi schwéier maachen wëllt, kënnt dir ganz einfach eng Kéier d’Hand, mat der dir schéisst, wiesselen. Dat heescht Rietshänner schéissen mat Lénks a Lénkshänner mat Riets. Déi aner Reegelen vum Drénk-Curling bleiwe bestoen.

Würfelcurling

Curling mat enger Mënz, engem Béierstopp oder engem Holzchipp ass iech nach net frustrant genuch? Da probéiert d’Mëtt z’erreechen andeems dir vun der Säit aus dohi wierfelt. Wéini een wéi vill drénke muss, ass sou wei am originalen Drénk-Curling. Mir géifen fir den Ufank allerdéngs proposéieren, dass een nëmmen drénken muss, wann den Aneren d’Mëtt trefft an net wann e selwer derlaanscht schéisst. Sou gëtt d’Partie zwar méi laang, mee och méi spannend.

PingpongBall-Föhn-Kombi

Des Challenge ass eng vun de schwieregsten aus eisem Inventar. D’Zil vum Spill bleift d’nämmlecht wei am klasseschen Drénk-Curling. Allerdéngs geet et net drëm eng Mënz, e Béierstopp oder en Chip an d’Mëtt ze befërderen, mee e Pingpong-Ball. Dat mécht een net mat enger klassescher Schosstechnik, mee mam Un- an Ausschalte vun engem Fön. Vill Gléck. Heimat sidd dir virun Nervenzesummebréch gewarnt. Fir den Duell e bëssi manner frustréierend ze gestallten, kennt dir och ofmaachen, dass deen éischten, deen d’Mëtt (also d’Curlingfeld) trëfft, gewonnen huet an dass een net drénke muss, wann een derlaanscht schéisst. An deem Fall, kennt dir d’Bestrofung  fir de Verléierer virum Duell festleeën (zum Beispill e Glas drénken). Eng aner Méiglechkeet fir des Challenge méi einfach ze gestallten ass, de Pingpong-Ball net mat engem Fön unzedrécken, mee en fort ze bloosen.