Drénk-Curling

Op dëser Säit sinn all d’Infoen iwwer eist Spill Drénk-Curling zesummegefaasst. Bal alles wat hei steet, steet sou deelweis och op anere Säiten. Drénk-Curling ass ee vun deene Spiller, déi direkt op der Napp verfügbar sinn, an déi en net als Supplement dobäi kafe muss.

Gebrauchsuweisung

Fänke mir mat de Reegele vum Spill un.

Mir schloen iech vir dëst Spill mat engem Fläschestopp oder enger Mënz ze spillen. De Stopp oder d‘Mënz lee dir entweder zwëschen de ,,S‘‘ an de ,,C‘‘ oder op de Punkt, wou déi dräi Strécher vum ,,Y‘‘ sech treffen. Dann, muss ee probéiere d’Curling-Feld ze treffen. Hei nach e puer visuell Virféierungen, wéi dir de Stopp oder d‘Mënz undickse kënnt.

Mir schloe vir, d’Curling-Spill ënner deene Reegelen ze spillen:

Wann een d’Curling-Feld net trëfft:

  • Wann de Stopp oder d‘Mënz op der eegener Hallschent leie bleift, muss een dräi Schluppen drénken
  • Wann de Stopp oder d’Mënz op der Hallschent vum Géigner leie bleift, muss een eng Schlupp drénken.
  • Wann een d‘Napp net trëfft, muss ee fënnef Schluppen drénken.

Wann een d’Curling-Feld trëfft:

  • Wann een dee baussechten, orange Réng trëfft, muss de Géigner eng Schlupp drénken.
  • Wann een dee mëttelsten, wäisse Réng trëfft, da muss de Géigner dräi Schluppen drénken.
  • Wann een dee banneschten, orange Réng trëfft, muss de Géigner fënnef Schluppen drénken.
  • Wann ee genau d’Mëtt trëfft, wou de Partydesch-Logo drop ass, da muss de Géigner foffzéng Schluppen drénken.

Zum Schluss, huet dee verluer, deem säi Glas fir d’éischt eidel ass.

Et kann een awer och eng méi eng klassesch Versioun vu Curling spillen, wou ëmmer dee gewënnt, deen am noosten un der Mëtt ass.

Challenges

Hei fannt dir puer Challengen fir iech d’Spillerliefnis nach méi ofwiesslungsräich, mee deelweis och méi schwéier ze maachen. D’Challengen sinn wéi ëmmer der Schwieregkeet no geuerdent. Fir all Challengen, dréckt hei drop.

Handwiessel

Falls dir Drénk-Curling mat der Zäit méi schwéier maachen wëllt, kënnt dir ganz einfach eng Kéier d’Hand, mat der dir schéisst, wiesselen. Dat heescht Rietshänner schéissen mat lénks a Lénkshänner mat riets. Déi aner Reegelen vum Drénk-Curling bleiwen bestoen.

Würfel-Curling

Curling mat enger Mënz, engem Béierstopp oder Holzchip ass iech nach net frustréierend genuch? Da probéiert d’Mëtt z’erreechen andeems dir vun der Säit aus dohi wierfelt. Wéini ee wéi vill drénke muss, ass sou wei am originalen Drénk-Curling. Mir géife fir den Ufank allerdéngs proposéieren dat en nëmmen drénke muss, wann den Aneren d’Mëtt trefft a net wann ee selwer derlaanscht schéisst. Sou gëtt d’Partie méi laang a méi spannend.

PingPongBall-Föhn-Kombi

Des Challenge ass eng vun de schwieregsten aus eisem Inventar. D’Zil vum Spill bleift d‘ nämmlecht wei am klasseschen Drénk-Curling. Allerdéngs geet et net drëm eng Mënz, e Beierstopp oder en Chip an d’Mëtt ze befërderen, mee e Pingpong-Ball. An dat mécht ee net mat enger klassescher Schosstechnik mee mam Un- an Ausschalte vun engem Fön. Vill Gléck. Heimat si Dir gewarnt. Fir den Duell e bëssi manner frustréierend ze gestalten, kenn‘ dir och ofmaache, dat deen éischten, deen d’Mëtt (also d’Curlingfeld) trefft, gewonnen huet an dat en net drénke muss wann een derlaanscht schéisst. An dem Fall kenn‘ dir d’Bestrofung (wei zum Beispill e Glas drénken) fir de Verléierer virum Duell festleeën. Eng Alternativ fir des Challenge méi einfach ze gestallten ass et de Pingpong-Ball einfach fort ze blosen.

Galerie

Hei fannt dir all eis Fotoe beim Spillen oder vum Spill Drénk-Curling selwer, fir di ganz Mediathéik dréckt hei drop.

Videomediatéik

Hei sinn all eis Video an deene mir Drénk-Curling spillen. Fir eis ganz Videomediathéik, dréckt hei drop.