Op dëser Säit stinn all d’Infoen iwwert eise Logo. Mir stellen iech d’Geschicht, de Kënschtler, d’Faarfcoden, d‘Galerie an d’Motiv vir.
D’Motiv

Falls dir et nach net vum selwen erkannt hutt 😉
Eist Logo ass e BeerPong-Becher a Kombinatioun mat engem Partyhutt duer. Et steet symbolesch fir eng Party mat (Drénk-)Spiller wéi zum Beispill BeerPong. D’Faarwe vum Logo sinn Orange a Gréng. Dat sinn och gläichzäiteg d’Faarwe vun eiser Mini-Entreprise, sou wéi vun eiser Napp.
D’Geschicht
Éischt Logo

Eisen éichten Insta-Post
Eiset éischt Logo war eng Uspillung un den LCE-Logo.
Skizz

Eng éicht Skizz
Well mir vum deemolege Logo net iwwerzeegt waren, hu mir een neit gebraucht an des Skizz ass entstanen.
Eicht Optioun

Eng vun denen 2 Optiounen
Déi Skizz hu mir dann engem Kolleeg vun eis, dem Max Heirens, geschéckt. Als Äntwert krute mir dunn 2 Optiounen.
Endresultat

Déi Optioun, déi mir geholl hunn
Mir hunn eis schlussendlech fir des Optioun entscheet an d’Faarwen och an den nächsten Designs iwwerholl.
Max Heirens

Mir hunn de Logo vun engem vun eise Kolleegen, dem Max Heirens, zeechne gelooss. Mir hunn him dofir eng provisoresch Skizz geschéckt. De Max Heirens ass op enger 1E am LCD a kennt de Paul Toussing duerch d’Scouten. Hien huet och säin eegene Podcast.
Faarfcodes
D’Faarfcode vum Logo si vu baussen no bannen:
Gréng
- #0a090b
- #00734c (och vum Internetsite)
- #5f9f7d
Orange
- #e83a0e
- #ed6d03
- #f18401
D’Schrëft vum Logo ass Gt Pressura Bold.
Galerie
Hei sinn all eis Fotoen vun eisem Logo oder vun alternativ Versiounen vun eisem Logo. Fir déi ganz Galerie, dréckt hei drop.






