Englesche Fussball: Challengen

Englesche Fussball ass och eent vun deene Spiller, déi een direkt op der Napp spille kann. Fir all d’Informatiounen zu dësem Spill, dréckt hei drop. Fir dëst Spill hu mir natierlech och Challengen, oder aner Spillvarianten. Déi sinn der Schwieregkeet no geuerdent.

Duebelschoss-Taktik

An dëser Spillvariant kennt eng Reegel dobäi, déi dat ganzt Spill méi komplex an taktesch gestallt. An zwar kann een d’Spill net nëmme gewannen, wann een e Goal schéisst, mee och wann ee mat engem Schoss zwee Chips vum Kontrahent op eng Kéier ofschéisst, onofhängeg dovun, op déi Chips nach op der Napp leien oder net.

Prisong-Challenge

An dëser Challenge gëtt d’Reegel dobäi gesat, dass wann ee Chips vum Anere mat sengen eegenen ofschéisst, déi ëmmer an de Prisong verdammt ginn, onofhängeg dovun, op déi elo nach op der Napp leien oder net méi. Dat mécht d’Verdeedegen zwar vill méi einfach, mee et gëtt duerfir ëmsou méi schwéier, selwer e Goal ze schéissen. Et sinn also vill méi Prezisioun a wäit Schëss gefrot. Dir sidd gewarnt, dass d’Partie e gutt Stéck méi laang dauere kann. D’Reegel dass d’Goaler net zielen, wa virum Schoss entweder 2 oder 3 Chips am Prisong waren, bleift bestoen.

Handwiessel

Falls dir Englesche Fussball méi schwéier maache wëllt, kënnt dir ganz einfach eng Kéier d’Hand, mat der dir schéisst, wiesselen. Dat heescht: Rietshänner schéisse mat Lénks a Lénkshänner mat Riets. Déi aner Reegele vum Englesche Fussball bleiwe bestoen.