Englesche Fussball

Op dëser Säit fannt dir all d’Informatiounen iwwert d’Spill „Englesch Fussball“. Dat ass ee vun eise Spiller, déi dir direkt op der Napp spille kennt, ouni iech extra Gadgeten dobäi kafen ze mussen. Mir empfeelen allerdéngs fir dest Spill eis Holzchips ze benotzen. Eis Versioun vum Spill ass zwar vum klasseschen „Englesch Fussball“ inspiréiert, mee huet trotzdeem elementar Differenzen, virun allem well mir d’Spillreegelen op de Partydesch ugepasst hunn.

Reegelen

Spillopbau

D’Spill ka mat Mënzen, Béierstepp oder am beschte Fall mat Holzchips gespillt ginn. All Team besëtzt am Ufank 3 Stéck a leet déi op hier Ausgangspositiounen. Et ginn 2 méiglech Ausgangspositiounen. Mir roden iech, dass déi 2 Teamen déi nämmlecht auswielen. Entweder leet een seng Chips op d’Schnëttpunkten tëschent dem „A“ an „T“, „R“ an „D“, souwéi „S“ a „C“, oder et leet een seng Chips an d’Mëtt vun de Kreesser vum „P“, „T“ an „D“.

Schosstechniken

Déi méiglech Schosstechniken beim „Englesch Fussball“ sinn déi nämmlecht wéi beim Drénk-Curling. Mir hunn et op déi begrenzt, fir dass d’Spill net ze einfach ass. Mir proposéieren, dass déi zwou Ekippen déi nämmlecht Schosstechnik auswielen.

Grondreegelen

Seng Chips muss een sou schéissen, dass dee Chip, deen ee geschoss huet, entweder duerch di aner 2 duerchflitt oder en Chip (vun engem selwer oder vu sengem Kontrahent) beréiert.

Falls weder nach de Fall ass, gëtt de Chip an de Prisong gesat (dat ass de wäisse Krees op senger eegener Hallschent mam Partydesch-Logo drop). Déi Chips, déi vun der Napp fléie, kommen och an de Prisong. D’Chips kommen ëmmer an dem säin Prisong, dem och déi jeeweileg Chips gehéieren (net deen, dee se geschoss huet). Sou ass et méiglech dem Kontrahent seng Chips rof ze schéisse fir hie vum eegene Goal fort ze halen. Déi Chips, déi am Prisong leien, kennen trotzdeem nach benotzt ginn. Et muss een se sou schéisse, wéi all déi aner och, oder si komme rëm an de Prisong zréck. Am Prisong selwer dierf en d’Chips sou setzen, wéi ee well.

D’Zil vum Spill ass et, als éischten Goal ze schéissen. D’Goaler sinn d’Kreesser vum „E“, „S“, „C“ an „H“. E Goal zielt nëmmen, wann d’Mëtt vum Chip am Krees leie bliwwen ass. De Goal zielt allerdéngs net wann virum Schoss entweder 2 oder 3 Chips am Prisong louchen.

Déi meiglech Spilloptiounen
De Prisong
D’Mënz am „S“-Krees léit am Goal

Challengen

Hei fannt dir all d’Challengen zu dësem Spill. Si sinn der Schwieregkeet no geuerdent. Fir all d’Challengen zu alle Spiller, dréckt héi drop.

Duebelschoss-Taktik

An dëser Spill-Variant kennt eng Reegel dobäi, déi dat ganz d’Spill méi komplex an taktesch gestallt. An zwar kann een d’Spill net nëmme gewanne wann een e Goal schéisst, mee och wann ee mat engem Schoss zwee Chips vum Géigner ofschéisst, onofhängeg dovun, op déi Chips dono nach op der Napp léien. 

Prisong-Challenge

An dëser Challenge gëtt d’Reegel dobäi gesat, dass wann een de Chip vum Anere mat sengem eegenen ofschéisst, den ëmmer an de Prisong verdammt gëtt, onofhängeg dovun op en nach op der Napp läit oder net. Dat mécht d’Verdeedegen zwar vill méi einfach, duerfir gëtt et awer ëmsou méi schwéier e Goal ze schéissen. Et sinn also vill méi Prezisioun a wäit Schëss gefrot. Dir sidd gewarnt, dass d’Partie e gutt Stéck méi laang dauere kann. D’Reegel dass d’Goaler net ziele wann virum Schoss entweder 2 oder 3 Chips am Prisong leien, bleift bestoen.

Handwiessel

Falls dir Englesch Fussball méi schwéier maache wëllt, kënnt dir ganz einfach eng Kéier d’Hand, mat der dir schéisst, wiesselen. Dat heescht Rietshänner schéisse mat lénks a Lénkshänner mat riets. Déi aner Reegele vum Englesch Fussball bleiwe bestoen.