Facebook ass eng vun deene Social-Media-Plattformen, déi mir benotzen, fir iech um neiste Stand ze halen a fir ze kommunizéieren. Op Facebook gi mir reegelméisseg Updaten a poste Beiträg mat Fotoen. Fir op eist Facebook-Profil ze kommen, dréckt hei drop.
Kommunikatioun
Mir deelen déi wichtegst Noriichten iwwert de Partydesch an eis alleguer iwwer Facebook mat. Dofir maache mir meeschtens Beiträg, mat Fotoen oder Videoen, zu engem bestëmmte Punkt. Mir presentéieren iech och reegelméisseg Zesummefaassunge vun dem, wat mir a leschter Zäit gemaach hunn. Mir deelen zwar net sou vill mat wéi zum Beispill op Instagram, mee déi relevant Informatioun verëffentleche mir awer alleguer och op Facebook. Méi onwichteg Infoen, oder zäitlech limitéiert Aktiounen, deele mir och iwwert d’Story-Funktioun.
Kontakt
Facebook ass och praktesch, fir mat eis Kontakt opzehuelen. Dofir kennt dir eis einfach privat uschreiwen, oder op Content vun eis reagéieren. Mir äntweren ëmmer sou séier wéi méiglech. Wann dir eis op Content vun anere Léit oder vun iech selwer opmierksam maache wëllt, kënnt dir eis och markéieren.
Interaktioun
Mir wëllen sou vill wéi méiglech mat iech interagéieren. Dofir froe mir iech reegelméisseg a Beiträg a Story’en no ärer Meenung. Mir freeën eis ëmmer op Feedback oder Kommentaren als Reaktioun op eise Content. Mir maachen op Facebook allerdéngs net sou reegelméisseg Ëmfroe wéi zum Beispill op Instagram.
Beiträg
Mir deelen op Facebook reegelméisseg Beiträg. An deene sinn ëmmer Fotoen oder Videoen am Kontext zu engem bestëmmten Thema. An deene Beiträg stelle mir zum Beispill e Produit fir, weisen eis beim Schaffen oder Spillen, presentéieren eis Fournisseuren oder maachen eng Zesummefaassung vun dem, wat mir an der vergaangener Woch gemaach hunn. Hei ass elo eng Oplëschtung vun all eise Beiträg, chronologesch vu lénks no riets a vum éischte bis zum aktuellsten.