Gebrauchsuweisung

Hei ass d’Gebrauchsuweisung, wou dir all d’Reegelen fir eis Spiller gewuer gitt. Des kennt dir och bei all Bestellung op 4 Sproochen dobäi froen oder hei déi 4 Versiounen fir ënnerwee eroflueden.

Datei

Mir bidden iech d’Méiglechkeet un, d’Gebrauchsuweisung als Datei erofzelueden, fir se ëmmer dobäi ze hunn an einfach erëmzefannen. Esou kenne mir och Blieder spueren an eise Waasserofdrock reduzéieren. Des Gebrauchsuweisung ass op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch verfügbar.

Beerpong

D’Spill misst bekannt sinn, héi fannt dir trotzdem engkéier kuerz d’Standardreegelen. Fir déi ganz Iwwersicht zum Spill mat allen Infoen, dréckt hei drop.

  • 2 Wërf pro Team all Ronn.
  • d’Becheren dierf een zweemol ëmstellen, pro Match a pro Team an dat wann nach 6, 4 oder 3 Becheren iwwreg sinn.
  • Wann zwee Spiller aus engem Team wärend enger Ronn treffen, krinn se d’Bäll zeréck an dierfen nach eng Kéier werfen.
  • De leschte Becher muss ëmmer an der Mëtt vu der Nappkant gestallt ginn.
  • Spréngt de Ball op iert en an de Becher flitt, muss d’Géigner-Team zwee Becheren drénken. Si hunn awer virdrun d’Recht de Ball ewechzeschloen, wann en optuppt. Et ass net erlaabt de Ball ze beréiere wann e weder um Dësch oder op e Becher opgetuppt ass.
  • Oflenkungsmanöver ass erlaabt. Becher, Géigner a Dësch dierfen awer dobäi net beréiert ginn. Wandstéiss sinn net erlaabt.
  • Wa Bäll sech am Becher dréien, dierfen se mat de Fanger rausgeschloe ginn oder rausgeblose ginn.
  • Wann e Team de leschte Becher trëfft, huet de Géigner d’Recht nozezéien. Wann dat him geléngt, geet et an d’Verlängerung: Hei ginn dräi Bechere pro Säit an eng Pyramid gestallt.
  • Wann e Becher getraff gëtt deen eigentlech scho getraff war an aus dem Spill hätt misse sinn, ass d‘Spill direkt fäerdeg.
  • D’Verléierer-Team muss all déi lescht Becheren ausdrénken.

Beerpong, Zousaatz

Trampolin

Dir kënnt een Trampolin entweder an d’Mëtt oder déi zwee jeeweils op eng vun deenen zwou Säite stellen. De Pingpong-Ball kënnt dir dann sou op een Trampolin werfen, dass en dono an engem Becher lant. Wann d’Trampoliner op de Säite stinn, schloe mir vir, d’Becheren an d’Mëtt ze stellen.

Schleider

Dir kënnt probéiere de Ball mat der Schleider an e Becher ze treffen.

Zousaatzreegel

Zousätzlech, kënnt dir eng extra Reegel benotzen: Wann dir e Virnumm hutt, dee mat engem P, A, R, T, Y, D, E, S, C, oder H ufänkt, an e Becher trefft, deen op engem vun deene Buschtawen dropsteet, da huet een entweder zwee Bechere getraff, oder guer keen. Dir kënnt dat esou decidéiere wéi dir wëllt.

Drénk-Curling

Mir schloen iech vir dëst Spill mat engem Fläschestopp oder enger Mënz ze spillen. De Stopp oder d‘Mënz lee dir entweder zwëschen den ,,S‘‘ an de ,,C‘‘ oder op de Punkt, wou déi dräi Strécher vum ,,Y‘‘ sech treffen. Dann, muss ee probéiere d’Curling-Feld ze treffen. Hei nach e puer visuell Virféierungen, wéi dir de Stopp oder d‘Mënz undickse kënnt.

Mir schloe vir, d’Curling-Spill ënner deene Reegelen ze spillen.

Wann een d’Curling-Feld net trëfft:

  • Wann de Stopp oder d‘Mënz op der eegener Hallschent leie bleift, muss een dräi Schluppen drénken
  • Wann de Stopp oder d’Mënz op der Hallschent vum Géigner leie bleift, muss een eng Schlupp drénken.
  • Wann een dat ganzt Party-Dësch-Feld net trëfft, muss ee fënnef Schluppen drénken.

Wann ee d’Curling-Feld trëfft:

  • Wann een dee baussechten, orange Réng trëfft, muss de Géigner eng Schlupp drénken.
  • Wann een dee mëttelsten, wäisse Réng trëfft, da muss de Géigner dräi Schluppen drénken.
  • Wann een dee banneschten, orange Réng trëfft, muss de Géigner fënnef Schluppen drénken.
  • Wann ee genau d’Mëtt trëfft, wou de Partydesch-Logo drop ass, da muss de Géigner foffzéng Schluppen drénken.

Am Schluss, huet dee verluer, deem säi Glas als éischt eidel ass.

Et kann een awer och méi eng klassesch Versioun vu Curling spillen, wou ëmmer dee gewënnt, deen am noosten un der Mëtt ass.

Hei fannt dir nach weider Infoen, wei zum Beispill méiglech Challengen, iwwert eist Spill an enger Gesamtiwwersiicht. Dréckt dofir hei drop.

Mini-Basket

Hei kënnt dir probéiere mat engem Pingpong-Ball de Kuerf ze treffen. Dir kënnt dofir och d’Schleider oder de Trampolin mat abezéien. Dir musst fir de Kuerf opzebauen, de Block mam Kuerf op déi zwee aner Bléck stellen. Fir méi Informatiounen iwwert dëst d’Spill, dréckt hei drop.

Mini-Hockey

Hei kënnt dir zwee vu de Bléck op jeeweils eng Nappkant a der Mëtt leeën. Mir proposéieren hei rëm e Fläschestopp oder eng Mënz ze benotzen. Da braucht dir just nach e klenge Schléier a scho kënnt der op déi zwee Bléck, déi hei als Goal déngen, spillen. Dir kënnt z.B. e Bic oder e Bläistëft als Schléier benotzen.

Rage -Cage

Och wa mir keng Markéierunge fir dat Spill hunn, kann een et trotzdeem op der Napp spillen. All Spiller, déi matspille mussen sech ronderëm den Dësch stellen. Et mussen der mindestens zwee sinn., D’Spill gëtt awer méi cool, wa méi Leit matspillen. Et kënnen der héchstens souvill matspillen, wéi der ronderëm de Dësch passen. D‘Spiller A a B kréie jeeweils e Becher an e Pingpong-Ball. Déi zwee Spiller musse vis-à-vis vunenee stoen. Déi aner Becher gi mat engem Gedrénks gefëllt, an a Form vun engem Krees an da Mëtt vum Dësch opgestallt. Et stellt een ongeféier 3 bis 4 Becher pro Matspiller an d’Mëtt. D’Spiller A a B musse lo onofhängeg vunenee probéiere de Ball an hire Becher ze treffen, andeems en eng Kéier um Dësch oftuppt. Wann engem vun de Spiller dat gelongen ass, dierf en säi Becher u säi lénke Matspiller weiderginn. D’Zil  vum Spill ass den zweete Becher ze ,,iwwerhuelen‘‘. Dat geschitt wann d’Becher bei de Spiller A a C sinn. A a C stinn niewentenee wärend A lénks dovu  steet. C trëfft méi séier an de Becher  wéi A an dierf doduerch säi Becher no lénks weiderginn. Doduerch, dass A awer grad de zweete Becher huet, dierf de C säi Becher an deem vum A stellen. De Spiller A muss dofir e Becher vun der Mëtt op Ex ausdrénken. D’Spill ass fäerdeg wann all Becheren aus der Mëtt ausgedronk sinn. Wann ee Spiller beim éischte Versuch de Becher trëfft, dierf en entscheeden u wiem e de Becher virugëtt.