Gesamtpaket Plus

Am Gesamtpaket sinn d’Napp, zwou Schleideren, zwee Trampoliner, zwee Basketballkierf mat 2 Holzbléck-Sets, 16 Chips souwéi 2 Torwänn enthalen


Napp

Eis Napp ass den Haaptbestanddeel vum Partydësch. Domat gëtt all (Iess-)Dësch zu engem Partydësch. Mat der Napp kann een direkt BeerPong an Drénk-Curling spillen. D’Napp ass 70 cm breet a 2 Meter laang. Op der Napp kennt dir och aner Spiller wéi Schlechte Stroossemuseker oder Englesche Fussball spillen. Mir roden iech, dofir eis Chips ze benotzen a sou d’Napp net ze beschiedegen. D’Napp selwer ass aus PVC an am Made4You zu Waasserbëlleg hiergestallt.

Dréckt fir nach méi Infoen zur Napp hei drop.


Schleider

D’Schleider ass ee vun de Gadgeten, déi als Erweiderung zum Spill BeerPong déngen. D’Schleider kann an der Theorie mat alle Spiller mat Pingpong-Ball kombinéiert ginn. Mee opgepasst, si mëscht et e gutt Stéck méi schwéier ze Zielen an d’Kraaft ze doséieren.

(Mir kontaktéieren iech ënnerhalb vun enger Woch fir Iech ze froe wéi eng Faarf är Schleider soll hunn.. Zur Auswiel sti klassesch Schwaarz, Hellgro a Waasserblo.)


Trampolin

Eisen Trampolin ass eng flott Erweiderung zu de Spiller BeerPong/ShotPong oder Mini-Basket. Amplaz dass dir de Pingpong-Ball vun enger Säit vun der Napp  an de Becher/Mini-Basketball-Kuerf op der anerer Säit schéisse musst, muss e vum Trampolin aus do drasprangen. Heifir kann een Trampolin an der Mëtt vun der Napp leien an d’Zil baussen, respektiv déi 2 Trampoliner baussen an d’Zil an der Mëtt.


Basketballkuerf

De Basketballkuerf ass fir ee vun eisen eegene Spiller: „Mini-Basket“. Hei ass vill Prezisioun gefrot. D’Spillreegelen a méiglech Challengë stelle mir iech op dëser Internetsäit vir.


Holzbléck

D’Holzbléck déngen als Podest fir de Basketballkuerf an als méiglech Erhéijung fir den Trampolin. D’Holzbléck brauch een och bei zukünftege Gadgeten.


Chips

Mat de Chips, kennt dir momentan schonn eng ganz Rei extra Spiller spillen. Weiderer wäerten nach nokommen. Sie si perfekt gëeegent fir Drénk-Curling, awer och fir Englesche Fussball, Schlechte Stroossemuseker a Mini-Hockey. Des ersetze virun allem d’Béierdeckelen an dëse Spiller fir d’Napp ze schounen. Falls dir d’Chips bestellt, kritt dir 16 Stéck.


Torwand

Mat der Torwand hutt Dir souguer beim Partydesch-Spillen EM-Feeling. D’Torwand passt perfekt zu den Holzbléck, woumat d’Spalten op de Säiten och en Zweck kréien.


Kafen

Gesamtpaket Plus

Eng Napp, 2 Schleideren, 2 Trampoliner, 2 Basketballkierf + Holzblécksetz, 2 Torwänn an 16 Chips

69,50 €