Instagram

Instagram ass déi Plattform, déi mir am meeschte benotzen. Op Social Media si mir néierens sou aktiv wéi op Instagram. Mir benotzen déi Plattform zur Kommunikatioun an zur Interaktioun. Déi Leit, déi eis abonéiert hunn, wëlle mir ëmmer um neiste Stand halen. Dofir maache mir entweder e Beitrag oder eng Story. Fir op eis Instagram-Säit ze kommen, dréckt hei drop.

Kommunikatioun

Déi neisten Updates deele mir ëmmer iwwer Instagram mat. De Virdeel vun Instagram ass, dass mir eis Updates mat Biller visualiséiere kennen. Sou kenne mir eis zum Beispill beim Schaffen oder am Meeting weisen. Dat ass allerdéngs och bei Presentatioune praktesch, wéi zum Beispill vun engem Produit, engem Konzept oder eiser Internetsäit. Mir maachen och reegelméisseg Zesummefaassunge vun dem, wat mir a leschter Zäit gemaach hunn.

Kontakt

Instagram ass och praktesch fir mat eis Kontakt opzehuelen. Mir äntweren ëmmer sou séier wéi méiglech. Dat kennt dir entweder maachen an dem dir eis direkt privat schreift oder op Content vun eis reagéiert. Am Fall wou dir eis op Content vun iech oder engem Aneren opmierksam maache wëllt, kënnt dir eis och gäre markéieren.

Interaktioun

E Virdeel vun Instagram ass, dass mir ganz einfach mat iech interagéiere kennen. Entweder andeem mir an eiser Story Ëmfroen erstelle fir iech no ärer Meenung ze froen oder dir op Content vun eis reagéiert. D’Ëmfroe benotze mir ënner anerem fir ze wësse wat wéi gutt bei iech u kennt.

Story

Story’en sinn eng vun den zwou Haaptgruppe vu Content op Instagram. Do deele mir ëmmer rëm méi irrelevant mee intressant Saache mat. Wéi zum Beispill e klenge Video vun eis beim Schaffen oder Austesten, kléng Updates, Ëmfroen oder Gléckwënsch u Feierdeeg. Mir ginn an der Story’en och Inspiratioun fir d’Uwende vu bestëmmte Challengen. Et ginn zwou Aarte vu Story’en: Engersäits déi, déi een nëmme fir 24 Stonne gesäit andeem een op eist Profilbild dréckt, souwéi déi Story’en, wou eng Usammlung vu Fotoen zu engem bestëmmten Thema sinn.

Beiträg

Mir maache reegelméisseg Beiträg zu engem méi grousse Punkt, fir iech um neiste Stand ze halen. Hei fannt dir elo eng Usammlung vun all eise Beiträg. D’Beiträg si chronologesch vu lénks no riets a vun Ufank bis zum Schluss sortéiert.