MakerSpace

De MakerSpace ass eng Ariichtung an eisem Schoulgebai, dem Lycée Classique d’Echternach, fir dat praktescht Schaffe mat Informatik, Elektronik an Informatiounstechnologie. An deem Sall befannen sech och 3D-Drucker, déi mir zur Verfügung gestallt kréie fir eis Gadgeten ze printen. Ausserdeem steet do e Lasercutter, mat deem mir d’Plaquettë vum Basketball-Kuerf, souwéi eis Chips ausschneiden. Dréckt fir op hier Internetsäit ze kommen hei drop.

Produktioun

De MakerSpace ass an der Produktioun virun allem am Ufank extrem wichteg. Mir kréien do d’Méiglechkeet zur Verfügung gestallt, eis  Gadgeten am 3D-Drucker auszeprinten an se sou z’optiméieren an eis op déi beschte Gréissten a Formen ze eenegen. Och bei der Uwendung vun aneren Techniken, gi mir do beroden.

Galerie

Hei fannt dir all eis Fotoen aus dem MakerSpace. Fir déi ganz Galerie, dréckt hei drop.