Mini-Basket: Challengen

Hei zielen mir e puer méiglech Challengen zum Spill Mini-Basket op. Challengen sinn der Schwieregkeet no geuerdnet. Fir all Informatiounen iwwert dëst Spill, dréckt hei drop.

Multitouch-Challenge

Des Challenge kennt dir villäicht scho vum BeerPong. De Ball muss mindestens eng Kéier op der Napp opsprangen. Fir all Kéier méi, muss de Kontrahent e Becher méi drénken. An et dierf een sou oft schéisse, wéi den Aneren drénke misst. Fir méi Infoen zu dëser Challenge, dréckt hei drop.

Dunking-Challenge

An dëser Challenge geet et, wéi den Numm et scho seet, em d’Dunken. Des Schosstechnik aus dem originale Basket, hu mir allerdéngs liicht em geännert, sou dass een nëmmen de Ball vun uewen erof schéisse muss. Allerdéngs muss een nach ëmmer vun hannert der Napp aus schéissen.

Handwiessel

Falls dir Mini-Basket méi schwéier maachen wëllt, kënnt dir ganz einfach eng Kéier d’Hand wiesselen mat der dir schéisst. Dat heescht Rietshänner schéissen mat lénks a Lénkshänner mat riets. Déi aner Reegelen vum Mini-Basket bleiwen bestoen

PingPong-Schléier

Des Spillvariant gëtt méi schwéier, well een den Opschlag net normal mat der Hand ausféiert, mee mat engem Pingpong-Schléier. De Ball dierf op senger eegener Hallschent den Dësch beréieren, allerdéngs net op der Hallschent vum Kontrahent. Wann een de Ball ouni Oftuppen an de Kuerf schéisst, muss den Aneren dräi Mol drénken.