Mini-Basket

Op dëser Säit fann dir all Infoen zum Spill Mini-Basket an enger Iwwersiicht, dozou gehéieren d’Reegelen, de Spillopbau, allgemeng Informatiounen, Challengen, Hierstellung a Medien. Mini-Basket ass ee vun deene Spiller déi net bei der Napp dobäi sënn, mee déi een sech als Supplement dobäi kafen/bestelle muss.

Wat brauch een?

Fir d’Spill Mini-Basket ze spillen, brauch en eise Baketballkuerf, eis Holzbléck an e PingPongs-Ball. Fir de Basketballkuerf an/oder d’Holzbléck ze kafen, dréckt hei drop.

Gebrauchsuweisung

D’Reegele fir dëst Spill si ganz einfach gehalen. Dir musst vun enger Säit vun der Napp mat engem Pingpong-Ball an de Mini-Basketball-Kuerf op der anerer Säit schéissen. Wann dir trefft, muss äre Kontrahent de Becher ausdrénken an dir dierft nach eng Kéier schéissen. Falls dir awer derlaanscht schéisst, ass den nächsten drun. De Ball dierf och op der Napp opsprangen, ouni dat e fort geschloen dierf ginn. Fir di ganz Gebrauchsuweisung vun alle Spiller, dréckt hei drop.

Spillopbau

Fir Mini-Basket ze spille braucht dir är 3 Holzbléck. Déi zwee kléng (20 cm) setzt dir vertikal hannert déi 10 Kreesser vum BeerPongfeld un den Ufank vun der Napp, sou dat den Ënnerscheed (18 cm) tëschent deenen 2 Bléck genau 2 Kreesser (S a C) grouss ass. De méi laange Block(29 cm) setzt dir horizontal op déi Bléck drop, sou dat de Basketball-Kuerf op äre Kontrahent kuckt. De Basketball-Kuerf maacht dir da mam Ritsch-Ratsch fest Dir kennt de Becher an oder ënnert de Kuerf stellen. De Becher, den ausgedronk muss ginn, kann och niewendrun gesat ginn.

Hierstellung

D’Holz hu mir am Globus bestallt, an dat dann a Kooperatioun mat eisem Partner Menuiserie Kraemer Sàrl hierstelle gelooss. Andeem Sie eis gewisen hunn wei et geet an eis déi ideal Technike presentéiert hunn, kenne mir d’Aarbecht selwer iwwerhuelen, fir d’Produktiounskäschten déif ze halen a méi bëlleg Präisser ubidden ze kennen. De Basketball-Kuerf hu mir selwer designt. Duerno hu mir en mam 3D-Drucker am LCE-Makerspace eng Kéier printe gelooss, fir domat eng Silikon-Form hierstellen ze loossen, déi mir ëmmer nees mat Haarz ausfëlle kennen.

Challengen

Hei presentéiere mir iech eng Lescht vu méiglech Challengen fir d’Spill nach méi ofwiesslungsräich ze gestallten. Des sinn der Schwieregkeet no opgezielt. Fir all d’Challengen dréckt hei drop.

Multitouch-Challenge

Des Challenge kënnt dir villäicht scho vum BeerPong. De Ball muss mindestens eng Kéier op der Napp opsprangen. Fir all Kéier méi, muss de Kontrahent e Becher méi drénken. An et dierf een nach eng Kéier sou oft schéisse wéi den aneren drénke misst. Dréckt fir méi Informatiounen zu dëser Challenge, hei drop.

Dunking-Challenge

An dëser Challenge geet et, wéi den Numm et scho seet, em d’Dunking. Des Schosstechnik aus dem originale Basket hu mir allerdéngs liicht em geännert, sou dat e nëmmen de Ball vun uewen erof schéisse muss. Allerdéngs muss een nach ëmmer vun hannert der Napp aus schéissen.

Fotoen