Multitouch-Challenge

D’Multitouch-Challenge ass eng vun eise populäersten Challengen. Se existéiert souwuel am BeerPong, wéi och am Mini-Basket. Des Challenge mécht d’Spill nach méi taktesch a versprécht, dass nach méi gedronk gëtt. Dir braucht bei dëser Challenge, genau wéi bei de Spiller och, e Pingpong-Ball.

Prinzip

Bei dëser Challenge bleift dat ursprénglecht Konzept vum Spill bestoen. Et kennt allerdéngs d’Reegel dobäi, dass allkéiers wann de Ball d‘Napp beréiert, den Aneren eng Schlupp oder e Becher méi drénke muss. Wann de Ball also 2 Mol op der Napp ofspréngt, muss de Kontrahent 3 Mol drénken (+2 Becher oder Schluppen).

BeerPong

Beim BeerPong gëtt d’Reegel, dass d’Verdeedeger-Equipe de Ball fort schloe kann, ausser Kraaft gesat. Oflenkungsmanöver, souwéi de Ball rausschloen, wann en am Becher dréint, sinn nach ëmmer erlaabt. Wann de Ball d‘Napp beréiert, dierf dat Team, wat geschoss huet, raussiche wat fir eng Becheren déi aner méi drénke mussen.

Mini-Basket

Am Mini-Basket dierf dat Team, wat geschoss huet, sou oft nach eng Kéier schéissen, wéi de Ball op der Nappofgesprongen ass. Wann de Ball zum Beispill zwee Mol op der Napp ofgesprongen ass, dann dierf en nach 2 mol um Stéck schéissen. Falls engem beim nächste Schoss nach eng Kéier e Multitouch-Schoss gelongen ass, ginn déi einfach dobäi gerechent. Des Challenge kann een allerdéngs och sou spillen, dass déi béit Equippe gläichzäiteg schéissen, an dass den, dem säi Ball manner oft opgesprongen ass, d’Differenz drénke muss.