Napp

D’Napp ass den Haaptbestanddeel an d’Häerzstéck vum Partydesch. Mat der Napp kann een all (Iess-)Dësch an e Partydesch verwandelen a scho puer Spiller ouni Supplement direkt spillen.

Napp kafen

D’Napp kennt dir entweder am Gesamtpaket, eleng oder mat Chips kafen. All d’Infoen dozou fannt dir hei.

Allgemeng Infoen

  • D’Napp ass 70 cm breet a 2 Meter laang.
  • Den Drock ass mat dat héichwäertegst, wat et an Europa gëtt an d’Faarwe sinn zu iwwer 80% biologesch ofbaubar. 
  • D’Material vun der Napp ass PVC.
  • Flecken sinn einfach ofzewäschen.
  • D’Napp ass waasserdicht.
  • D’Napp kann een oprullen, mee se soll net gediebelt ginn.
  • Et sinn e BeerPong– an DrénkCurling-Feld drop, souwéi e Krees mat eisem Logo fir säi Glas oder Becher ofzesetzen.

Spiller

D’Spiller déi een vun Ufank un mat der Napp spille kann, si Beerpong an Drénk-Curling. Et sinn allerdéngs och aner Spiller direkt méiglech wéi: Englesche Fussball, Schlechte Stroossemuseker a RageCage. Fir méi Informatiounen zu engem vun deene Spiller ze kréien, dréckt op de jeeweilegen Numm. Fir bal all weidert Spill, brauch een och d’Napp.

Made4You

Mir hunn d’Napp mat Hëllef vu Made4You vu Waasserbëlleg designt an och vun hinne bedrécke gelooss. Den Design selwer ass an de Faarwen vum Logo gehalen (Gréng an Orange).

Galerie

Hei fannt dir all d’Fotoen vun der Napp, fir déi ganz Galerie, dréckt hei drop.

Videomediathéik

Hei fannt dir Videoe wou et haaptsächlech em d’Napp geet.

Fir déi ganz Mediathéik, dréckt hei drop.