Prisong

Op dëser Säit fannt dir all d’Informatiounen zum Beräich Prisong. De Prisong gëtt virun allem an de Spiller Englesche Fussball an Schlechte Stroossemuseker benotzt. Als Prisong gëtt de wäisse Krees niewent der BeerPong-Pyramide mam Partydesch-Logo bezeechent.

General

De Prisong ass virun allem an de Spiller Englesche Fussball an Schlechte Stroossemuseker e Facteur. De Beräich Prisong huet ursprénglech awer eng aner Funktioun an ass virun allem zum Ofstelle vu Gedrénks a Glieser geduecht. Dat gëtt sou zum Beispill an de Spiller Drénk-Curling an Mini-Basket gemaach.

Reegelen

D‘Reegelen si fir déi béid Spiller net genau déi nämmlecht, mee si weisen trotzdeem e puer Gemeinsamkeeten op. An alle Spiller ass de Prisong eng Bestrofung fir déi Chips, déi vun der Napp geflu sinn. Allerdéngs kommen am Englesche Fussball nëmmen deng Chips an de Prisong (onofhängeg dovun, wéini si vun der Napp geflu sinn) an am Schlechte Stroossemuseker kommen all d’Chips an de Prisong, déi an dengem Tuer vun der Napp geflu sinn.

Englesche Fussball

Am Englesche Fussball kennt däi Chip an de Prisong, wann en bei dengem Schoss weder duerch deng 2 aner Chips duerchflitt, nach iergendeen Chip beréiert. Déi Chips, déi vun der Napp fléien, kommen och an de Prisong. D’Chips aus dem Prisong kennen trotzdeem nach benotzt ginn. D`Chips kommen ëmmer an dem säi Prisong, dem och déi jeeweileg Chips gehéieren. Sou ass et méiglech dem Kontrahent seng Chips och vun der Napp ze schéisse fir hie vu sengem eegene Goal fort ze halen. Déi Chips, déi am Prisong sënn, muss een ënnert de selwechte Reegele schéissen, wéi all déi aner och. Soss kommen si rëm zréck an de Prisong. Am Prisong selwer dierf een d’Chips sou setze wéi e well. Goaler zielen net, wa virum Schoss mindestens 2 Chips am Prisong waren.

Schlechte Stroossemuseker

Am Spill Schlechte Stroossemuseker ass et sou, dass all d’Chips, déi an dengem Tour vun der Napp erof fléien, och an däi Prisong gesat ginn. Onofhängeg dovun, wou se erof geflu sinn. D’Chips am Prisong zielen zum Schluss zu deenen anere Chips an denger Basis dozou an et dierf een se net aus dem Prisong rausschéissen. Falls se allerdéngs vun engem anere Chip rausgeschoss ginn, dierf een se rëm benotzen. All Chip deen am Prisong léie bleift, gëllt och als agespaart, och wann en net vun der Napp erof geflunn ass.

Prisong-Challenge

A béide Spiller gëtt et och Challengë mam Numm Prisong-Challenge. Déi mécht d’Spill ëmmer e gutt Stéck méi taktesch. Fir all d’Challengen dréckt hei drop.

Englesche Fussball

An dëser Challenge gëtt d’Reegel dobäi gesat, dass wann ee Chips vum Anere mat sengen eegenen ofschéisst, déi ëmmer an de Prisong verdammt ginn, onofhängeg dovun, op déi elo nach op der Napp leien oder net méi. Dat mécht d’Verdeedegen zwar vill méi einfach, mee et gëtt duerfir ëmsou méi schwéier, selwer e Goal ze schéissen. Et sinn also vill méi Prezisioun a wäit Schëss gefrot. Dir sidd gewarnt, dass d’Partie e gutt Stéck méi laang dauere kann. D’Reegel dass d’Goaler net zielen, wa virum Schoss entweder 2 oder 3 Chips am Prisong waren, bleift bestoen.

Schlechte Stroossemuseker

Bei dëser Spillvariant fléien d’Chips net nëmmen an de Prisong, wann si vun der Napp fléien, mee och wann si en anere Chip beréieren. Allerdéngs fléien nëmmen déi Chips, déi geschoss goufen an an de Prisong an net déi, déi getraff goufen.