Schlechte Stroossemuseker

Hei fannt dir all d’Informatiounen iwwert eist Spill „Schlechte Stroossemuseker“. Dat ass ee vun eise Spiller, déi dir direkt op der Napp spille kënnt. Dir braucht dofir nëmme 15 Beierstepp, 15 mol déi nämmlecht Mënzen oder, wéi mir fir den héchste Spillspaass proposéieren, eis Chips.

Reegelen

D’Zil vum Spill ass et, zum Schluss déi mannste Chips ze hunn.

Spillopbau

Fir unzefänken kritt jidderee 6 Béierstepp, d’selwecht grouss Mënzen oder am beschte Fall Holzchips. Fir d’Startformatioun vun deene gi mir 5 méiglech Optiounen. Mir zielen elo fir all Optioun déi 6 Felder op an deenen dir jeeweileg en Chip an d’Mëtt leeë sollt:

  • „A“, „R“, „T“, „D“, „S“ an „C“
  • „P“, „A“, „R“, „T“, „Y“ an „D“
  • „P“, „A“, „R“, „Y“, „S“ an „C“
  • „A“, „R“, „T“, „D“, „E“ an „H“
  • „A“, „R“, „E“, „S“, „C“ an „H“

Mir proposéieren allerdéngs déi éischt Optioun. Dir kënnt d’Startformatioun fir Ofwiesslung reegelméisseg veränneren. Et ass allerdéngs wichteg dat jiddereen mat der nämmlechter ufänkt.

Déi 3 Chips déi iwwreg bleiwen ginn elo an den Curlingfeld placéiert op der Héischt vun der wäisser Linn.

Spillfeld

D’Spillfeld ass an 3 Beräicher opgedeelt. Déi jeeweileg Basis vun deenen 2 Teams an déi neutral Zone.

 

D’Basis vun engem ass d’Hallschent vun der Napp op senger Säit, bis zur wäisser Linn. Allerdéngs bis op de Beräich vum Curling-Feld. Et dierf en nëmmen d’Chips, déi a senger Basis leien, schéissen. An et geet do drëm zum Schluss vum Spill déi mannsten Chips a senger Basis ze hunn.

De neutrale Beräich ass de Curling-Feld a Kombinatioun mat der wäisser Mëttellinn. D’Chips déi do bannendran léien dierfen zwar of geschoss ginn awer selwer net fir d’éischt geschoss ginn. Déi Chips déi zum Schluss vum Spill am neutrale Beräich léien zielt en net mat.

All Basis besetzt och e Prisong. Dat ass de wäisse Krees op der Säit mam Partydesch-Logo. All Chips déi u sengem Tour vun der Napp erof fléien ginn an dem säi Prisong gesat, den um Tour ass. Onofhängeg dovun wou si erof geflunn sinn. D’Chips am Prisong zielen zum Schluss zu denen aneren Chips a senger Basis dozou an déi dierf en net aus dem Prisong raus schéissen. Falls si allerdéngs vun engem aneren Chip raus geschoss ginn, dann dierf en si awer rëm benotzen. All Chip déi am Prisong léien bleift, dierf och net méi benotzt ginn, onofhängeg op si vun der Napp erof geflunn sënn oder net

Grondreegelen

Jiddereen ass 10 Mol ofwiesselend drun. Dann dierf hien en Chip rausschéissen. Falls hien en aneren Chip beréiert, ass dat net schlëmm an d’Chips bleiwen do leien wou si gelant sënn. All Chip déi u sengem Tuer vun der Napp geflunn sinn, ginn an de Prisong. D’Zill vum Spill ass et um Enn di mannsten Chips op senger Hallschent ze hunn. D’Chips an der neutraler Zone ginn allerdéngs net mat gezielt.

Schosstechniken

D’Schosstechniken sinn déi nämmlecht wéi am Drénk-Curling oder am englesche Fussball. Mir stellen nëmmen déi 4 zur Auswiel fir d’Spill net ze einfach ze gestallten. Mir proposéieren dat jiddereen wärend enger Partie déi nämmlecht Schosstechnik benotzt

Challengen

Hei fannt dir all eis Challengen iwwert d’Spill „Schlechte Stroossemuseker“. D’Challengen sinn der Schwieregkeet no geuerdent. Fir all eis Challengen zu allen Spiller dréckt hei drop.

Doppel Gemoppelt

An dëser Spillvariante kënnt nach eng extra Reegel dozou. An zwar all Kéier wann en an sengem Tour mat sengem Chip mindestens 2 aner Chips of schéisst, dierf en en Chip aus senger Basis (déi aus dem Prisong zielen net) an d`Basis vum Kontrahent setzen. Wat fir en Chip a wou en déi hien setzt, dierf en selwer entscheeden.

Verpufft

Dëst Spillvariante mécht dat ganzt d’Spill em e gutt d’Stéck méi taktesch. An zwar all Kéier wann en mat sengem Schoss en aneren Chip beréiers, gëtt den aus dem Spill geholl. Onofhängeg a wat fir enger Basis déi grad louchen. Bei den Chips aus der neutraler Zone an déi am Prisong zielt dat net. Den Chip den geschoss gouf, bléift och léien

Prisong-Challenge

An dëser Spillvariante fléien d’Chips net nëmmen an de Prisong wann si vun der Napp fléien mee och wann si en aneren Chip beréieren. Allerdéngs fléien nëmmen déi Chips déi geschoss goufen an net déi, déi getraff goufen, an de Prisong

Handwiessel

Falls dir Schlechte Stroossemuseker méi schwéier maachen wëllt, kënnt dir ganz einfach eng Kéier d’Hand, mat der dir schéisst, wiesselen. Dat heescht Rietshänner schéissen mat lénks a Lénkshänner mat riets. Déi aner Reegelen vu Schlechte Stroossemuseker bleiwen bestoen.