Schleider

Op dëser Säit fannt dir all d’Infoen zu eiser Schleider an enger Iwwersiicht, dozou gehéieren déi verschidde Spiller, eng Gebrauchsuweisung, allgemeng Informatiounen, Challengen, an d’Hierstellung.

Schleider kafen

D’Schleider ass ee vun de Gadgeten, déi ee vun Ufank un als Supplement dobäi ka kafen/bestellen. Dat entweder eenzel oder am Duebelpak. Dréckt fir d’schleider ze kafen hei drop.

Gebrauchsuweisung

D’Schleider kann an der Theorie mat alle Spiller mat Pingpong-Ball kombinéiert ginn. Mee opgepasst, si mëscht et e gutt Stéck méi schwéier ze Zielen an d’Kraaft ze doséieren.

Am beschte passt se bei de klassesche BeerPong a bei de Mini-Basket.

Mat der Schleider kann een natierlech och kreativ ginn an se ausserhalb vum Partydësch benotzen.

Hierstellung

Mir hunn d’Schleider mat Hëllef aus dem LCE-Makerspace designt. Hei Loosse mir se och aktuell mam 3D-Drucker printen.

Challengen

Hei presentéiere mir iech eng Lescht vu méigleche Challengë fir d’Spill nach méi ofwiesslungsräich ze gestallten. Des sinn der Schwieregkeet no opgezielt. Fir all d’Challengen dréckt hei drop.

No Control

Des Challenge ass ganz séier erkläert. Se besteet ganz einfach doran d’Schleider an den Trampolin ze kombinéieren. Wann dir lo nach ëmmer trefft, musst dir schonn e wierkleche Partydeschgott sinn, oder ganz vill Chance hunn.  

Fotoen

Hei fannt dir all d’Fotoen zur Schleider, dréckt fir déi ganz Galerie hei drop.