Trampolin

Op dëser Säit fannt dir all d’Infoen zum Trampolin. Dozou gehéieren d’Spiller an deenen e benotzt gëtt, wei een en richteg benotzt, allgemeng Informatiounen, Challengen mam Trampolin an d’Hierstellung.

Trampolin kafen

Den Trampolin ass ee vun de Gadgeten, déi ee sech vun Ufank un als Supplement dobäi kafen/bestelle kann. E kann eenzel oder am Duebelpak benotzt ginn (Dat hänkt vum Spill of). Dréckt fir den Trampolin ze kafen hei drop.

BeerPong/ShotPong/Mini-Baskett

Den Trampolin ass eng flott Erweiderung zu de Spiller BeerPong/ShotPong oder Mini-Basket. Amplaz dass dir de Pingpong-Ball vun enger Säit vun der Napp  an de Becher/Mini-Basketball-Kuerf op der anerer Säit schéisse musst, muss en vum Trampolin aus do drasprangen. Heifir kann een Trampolin an der Mëtt vun der Napp leien an d’Zil baussen, respektiv déi 2 Trampoliner baussen an d’Zil an der Mëtt.

De Ball dierf och op der Napp opsprangen, ouni dat e fort geschloen dierf ginn.

Fir de Rescht gëllen d’Reegele vun de jeeweilege Spiller. (Fir di ganz Gebrauchsuweisung vun alle Spiller, dréckt hei drop.)

Opbau

Beim Trampolin hu mir eng ganz Rei Méiglechkeete fir en ze plazéiren, ofhängeg vum Spill an der Variant, déi dir spille wëllt.

Fir Mini-Basket, plazéiert dir den Trampolin an d’Mëtt vun der Napp, op d’Curlingfeld. Da leet dir och am beschten 2 oder méi vun eisen Holzbléck drënner, fir e richtegen Trampolin draus ze maachen.

Fir BeerPong kennt dir natierlech och déi selwecht Method wei fir de Mini-Basket benotzen.

Mee hei gëtt et nach eng besser Alternativ. Mat hëllef vu jeeweils 2 Holzbléck kennt dir op deenen zwou Säiten en Trampolin sou opriichten, dass en schif do steet (an e 45 Grad Wénkel bilt). An dësem Fall kennt dir d’Becheren all an der Mëtt vum Terrain, beim Curlingfeld, opriichten.

Hierstellung

D’Holz hu mir am Globus bestallt, an dat dann a Kooperatioun mat eisem Partner Menuiserie Kraemer Sàrl hierstelle gelooss. Andeem Sie eis gewisen hunn wei et geet an eis déi ideal Technike presentéiert hunn, kenne mir d’Aarbecht selwer iwwerhuelen, fir d’Produktiounskäschten déif ze halen a méi bëlleg Präisser ubidden ze kennen. Den Trampolin hu mir selwer designt. Mir printen en mam 3D-Drucker am LCE-Makerspace.

Challengen

Hei presentéiere mir iech eng Lescht vu méigleche Challengë fir d’Spiller mam Trampolin nach méi ofwiesslungsräich ze gestallten. Des sinn der Schwieregkeet no opgezielt. Fir all d’Challengen dréckt hei drop.

Double-Bounce-Challenge

Dëst ass eng Challenge fir d’Spill BeerPong. De Ball muss op deenen 2 Trampoliner opsprangen ier en am Becher lant. Bei 3 Mol huet een direkt déi ganz Partie gewonnen.

No Control

Des Challenge ass ganz séier erkläert. Se besteet ganz einfach doran d’Schleider an den Trampolin ze kombinéieren. Wann dir lo nach ëmmer trefft, musst dir schonn e wierkleche Partydeschgott sinn, oder ganz vill Chance hunn.