Iwwert eis

Eng Mini-Entreprise aus dem LCE, déi Partyspiller revolutionéiere well.

Eist Zil

Mir wëllen e multifunktionelle Partydesch hierstellen, woumat innovativ Partyspiller méiglech sënn a klassesch Drénkspiller méi ofwiesslungsräich gemaach, respektiv revolutionéiert ginn.

Eis Geschicht

Mir sinn eng Mini-Entreprise aus dem LCE, déi beim Concours vu JonkEntrepreneuren deel hellt. Mir bestinn aus 6 Studenten tëschent 17 an 18 Joer, déi eng Kéier alleguer zesummen an enger Klass waren. Falls dir méi iwwert eis an eis Aarbechtsopdeelung wëssen wëllt, dréckt hei drop.

Eis Fournisseuren

Mir passen do drop op, dat eis Fournisseuren alleguer lokal Entreprisë sinn. Well fir eis Transparenz eppes extrem Wichteges ass, wëlle mir natierlech de Léit matdeele vu wou mir eis Saachen hier hunn a mat wiem mir zesumme schaffen. Falls dir méi iwwert eis eenzel Fournisseure wësse wëllt, dréckt hei drop.

Wer seine Sache nicht mag, den mag sein Geschäft auch nicht.

William Hazlitt

Dir hutt nach Froen?

Dir kënnt gären de Kontakt mat eis ophuelen.