Mir sinn eng Mini-Entreprise aus dem LCE déi beim Concours vu JonkEntrepreneuren deel hellt. Mir hunn eis zum Zil gesat Partyspiller z’erweideren an nei Impulser ze setzen. Mir bestinn aus 6 Studenten tëschent 17 an 18 Joer.
Di eenzel Persounen

Paul Toussing
Manager, Finanzen, Commerce
Ass virun allem fir d’Internetsäit, d’Comptabilitéit an de Verkaf sou wei dat Administratiivt verantwortlech. Schreift ongeféier d’Hallschent vun den Noriichten an eiser WhatsApp-Grupp.
E-Mail: pttoupaing@gmail.com
Pierre Fusshoeller
Secrétaire, Marketing
Ass zoustänneg fir dat Administratiivt, fir den Kontakt mat den Fournisseuren an fir d’Dokumenter geregelt ze halen. Haapt Kontaktpersoun fir zousätzleg Informatiounen. Ass och heiansdo an der Produktioun ennerwee. Den Realist vum Grupp.
E-Mail: fusshoeller.pierre@gmail.com


Nicolas Delhez
Secrétaire, Produktioun
Ass an der Produktioun zoustänneg fir verschidde Beräicher. Këmmert sech als Sekretär och ëm en Deel vun den E-mailen di mir kréien, sief et vu Fournisseuren oder vun anere Persounen.
E-Mail: delni881@school.lu
Philippe Schaack
Finanzen, Marketing, Verkaaf
Ass zoustänneg fir d’Kommunikatioun no baussen, sief et am Marketing, am Verkaf oder mat eise Partner. Kuckt fir d’Suen ze geréieren. Kennt all Dag mat 3 neien Iddien, wouvun der meeschtens 3 ofgeleent ginn.
E-Mail: phil.schaack@gmail.com


Cédric Delhez
Marketing, Produktioun
An der Produktion haaptsächlech zoustänneg fir den Design an d‘Produktioun vun Gadgeten. Do danierft och nach am Marketing täteg.
E-Mail: delce981@school.lu
Michel Bohnenberger
Nohaltegkeet, Commerce, Produktioun
Zoustänneg fir d’Gebrauchsuweisung, d’Produktioun vu der Napp an d’Zesummenaarbecht mat de Fournisseuren. Zoustänneg fir d’Nohaltegkeet vun eise Produkter. Fir déi Nohaltegkeet ze garantéiere, probéiere mer eis Produkter sou qualitativ wéi méiglech hierzestellen.
E-Mail: michelbohnenberger@gmail.com

Wien ass fir wat zoustänneg?
Manager | Paul |
Secrétaire | Pierre, Nicolas |
Marketing | Philippe, Pierre, Cédric |
Commerce | Paul, Philippe, Michel |
Finanzen | Paul, Philippe |
Nohaltegkeet | Michel |
Produktioun | Michel, Nicolas, Cédric |
Eis Fournisseuren
Eis Fournisseuren sinn Made4You vu Waasserbëlleg, de MakerSpace aus dem LCE an d‘Menuiserie Kraemer Sàrl vu Bettenduerf. Falls dir méi wëssen wëllt, dréckt hei drop.
Social Media
Mir sinn natierlech och op Social Media aktiv, wou mir och méi déif Abléck op eist Liewen an d’Gruppendynamik Präis ginn. Dofir lount et sech eis ze folgen, wann dir eis nach besser kenne léieren oder en Bléck hannert d’Kulisse werfe wëllt. Sou kann en och méi genau rausfanne wien mir sinn. Falls dir wësse wëllt wei mir déi verschidde Plattforme benotzen, dréckt hei drop.